World Women Day 2018

World Women Day 2018

Vu dass geschwënn den haitege Weltfraendag op en Enn duer geet, wëlle mir als ALEM – SCORP (Standing Committee on Human Rights and Peace) op déi Thematik opmierksam maachen an deem ma mat dësem Artikel d’Verbindung vun der Geschlechterroll mat der Medezin hierstelle wëllen.

Als Medezinsstudent géing vläicht deen een oder anere fir d’éischt un déi anatomesch bzw. endokrinologesch Ënnerscheeder tëschent béide Geschlechter denken oder awer och un hiert spezifesch Krankheetsspektren, mee wéi geséit et aus mam medezinesch Beruff un sech? Wéi eng Entwécklunge loossen sech do feststellen?

Hei sinn 2 Artikelen déi genee dat uschwätzen ze versichen. Zesummefaassend léist sech soen, dass ma e kloren Trend hunn vun engem wuessendem Undeel un Fraen an der Medezin; a Frankräich gi verschidde Léit souguer sou wéit a schwätze vun enger Feminiséierung vum medezinesche Beruff. Interessanterweis geet aus dem Artikel vum Libération ervir, dass dës zu enger Verännerung vun der Aarbechtszäitopdeelung kéint féiere fir ee konkret Beispill ze nennen.

Wann et em de vill diskutéierten « Gender Pay Gap » geet, sou schénge ma an der Medezin zemools zu Lëtzebuerg relativ gutt opgestallt ze sinn, sou zumindest laut dem Artikel vun der Ärzte Zeitung. Wann iech déi Thematik interesséiert, kënnt dier iech gären déi 2 erwäänten Artikelen ukucken.

http://www.liberation.fr/france/2017/10/10/la-feminisation-de-la-medecine-en-pleine-sante_1602155

https://www.aerztezeitung.de/politik_gesellschaft/gp_specials/frauen-in-der-medizin/article/958685/weltfrauentag-frauen-arbeitswelt.html

By | 2018-09-09T18:06:48+00:00 March 9th, 2018|World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...