World Tuberculosis Day 2018

/, World Awareness Days/World Tuberculosis Day 2018

World Tuberculosis Day 2018

World TB Day 2018!

1882 fënnt de Robert Koch d’Ursaach vun der Tuberkulos eraus: e Bakterium, deen di meescht vun iech als Mycobacterium tuberculosis wuel kennen. Demools ass all 7.Mënsch un TB gestuerwen. Haut si mer eleng esou wäit, dass tëschent 2000 an 2016 weltwäit 53 Millioune Mënscheliewen duerch richtegt Therapéiere gerett konnte ginn. Trotzdeem huet des Krankheet a ville Länner op der Welt ëmmer nach e grousse Stellewäert a steet wäit uewen weiderhin a ville Registeren. Zemools HIV positiv Leit hunn eng immens héich Chance (oder éischter Malchance) eng TB Infektioun ze bilden. Bis 2030 huet sech d’WHO als Ziel gesat der Tuberkulos en Enn ze maachen. Opmierksam mëscht d’WHO dëst Joer allerdéngs och op déi erhéichten Unzuel un multiresitenter Tuberkulos verursaachende Keimer. Zu gudder lescht ass an de meeschte Länner d’Behandlung vun TB och e net ze ënnerschätzenden Käschtepunkt wou méi wei nëmmen e puer Prozent vum Gesondheetsbudget drop geet. Dowéinst weiderhin um World TB Daach de Message: Stop TB partnership- e Partner deen een net well hunn!

http://www.stoptb.org/events/world_tb_day/2018/

By | 2018-09-09T18:07:01+01:00 March 24th, 2018|Général, World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...