World Malaria Day 2018

///World Malaria Day 2018

World Malaria Day 2018

Haut ass de weltwäiten Malaria-Dag! All Joer stierwen ronn 500.000 Mënschen un Malaria.

Malaria ass eng Krankheet, déi iwwert Moustiquen iwwerdroen gëtt a virun allem um afrikaneschen Kontinent an den Tropengebidder wäit verbreet ass. Wann eng Persoun vun enger Moustique gepickt gëtt, geschéien zwou Saachen: De Spaut vum Insekt (mat eventuellem Krankheetserreeger) gëtt an de Mënsch injizéiert, a Blutt vum Opfer (dat och infizéiert kéint sinn) gëtt vun der Moustique opgesuckelt. Sou verbreet sech d’Krankheet erschreckend schnell.

Beim Ausléiser vun der Malaria handelt et sech virun allem em d’Parasiten Plasmodium malariae a Plasmodium falciparum.

Symptomer sinn Féiwer, mat enger Periodicitéit vun dräi oder véier Deeg, Hemoglobinurie, neurologesch Komplikatiounen, Anemie an d’Beanträchtegung vu villen aneren Organer, notamment der Liewer an der Mëlz.

Méi interessant Informatiounen fannt dir hei:

http://www.who.int/malaria/en/

By | 2018-09-09T18:06:15+00:00 April 25th, 2018|World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...