International Day Against Homophobia, Transphobia and Biphobia 2018

///International Day Against Homophobia, Transphobia and Biphobia 2018

International Day Against Homophobia, Transphobia and Biphobia 2018

Haut, den 17. Mee, ass IDAHOT, den International Day Against Homophobia, Transphobia and Biphobia. Déi vill opgezielte Phobien beschreiwen net wierklech eng Angscht, mee éischter eng falsch Konzeptioun an en intoleranten Ëmgang mat Themen ewéi z.B. Homosexualitéit. Dësen internationalen Aktiounsdag gouf virun 18 Joer an d’Liewe geruff no der Decisioun vun der WHO, Homosexualitéit aus dem Katalog fir Krankheeten ze sträichen. Transsexualitéit ass am ICD-10 (International Classification of Diseases) nach ëmmer als Geschlechtsidentitéitsstéierung unerkannt, dat gëtt awer mam ICD-11 dëst Joer nach geännert. Also gutt Noriichten!:)

Wann dir Loscht hutt, iwwert des an aner Themen ze schwätzen, kommt gären dësen Samschden, den 19. Mee vun 11-16 Auer op d’Place du Théâtre an der Stad Lëtzebuerg. Am Kader vun der Journée de la médecine générale goufen puer interessant Stänn duerch d’FSMG (Formation spécifique en médecine générale) organiséiert. D’ALEM hält do neemlech e Stand fir Sexualopkläerung souwéi eng Petziklinik.

By | 2018-09-09T18:05:32+00:00 May 17th, 2018|World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...