World No Tobacco Day 2018

///World No Tobacco Day 2018

World No Tobacco Day 2018

Haut ass de World No Tobacco Day. Weltwäit fëmme ronn 1,1 Milliarde Leit. All Joers stierwe méi ewéi 7 Millioune Leit un de Folge vum Fëmmen, een Zéngtel dovunner, nëmmen duerch Passivfëmmen. Den Tubak ass deemno deen zweetwichtegste Mortalitéitsgrond.

Och a Lëtzebuerg kenne mir dëse Problem. 2009 hunn 19% vun eiser Populatioun all Dag gefëmmt, obwuel des Zuel säit 2006, deem Joer an deem d’Anti-Tubak-Gesetz agefouert gouf, erofgaangen ass.

An enger Zigarett sinn iwwer 4000 toxesch Stoffer, déi Krankheeten ewéi Longekriibs, Häerzproblemer a BPCO (COPD) verursaachen.
Wann dir ophale wëllt oder engem aneren dobäi hëllefe wëllt, dann zéckt net iech ënnert folgender Telefonsnummer oder Mailadress ze mellen: • Tél : 4411 8720 • E-mail : tabac.stop@chl.lu

http://www.who.int/mediacentre/events/2018/world-no-tobacco-day/en/

By | 2018-09-09T18:05:39+00:00 May 31st, 2018|World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...