World Hepatitis Day 2018

///World Hepatitis Day 2018

World Hepatitis Day 2018

Haut ass weltwäiten Hepatite-Dag. Nieft der Hepatite B, géint déi een sech kann impfe loossen, ass och d’Hepatite C eng Infektiounskrankheet déi vill Léit aus den (para)medezinesche Beruffer, ma och aus der Santé Publique beschäftegen.

D’Hepatite C ass eng Krankheet, déi duerch den Hepatite C Virus (HCV) verursaacht gëtt. Dëse Virus gëtt virun allem iwwert d’Blutt, wéi zum Beispill bei Injektioun vun Drogen oder onkontrolléierte Blutttransfusiounen, ma och wärend der Schwangerschaft vu Mamm op Kand an och bei ongeschütztem Geschlechtsverkéier iwwerdroen.
Et gëtt geschat dat weltwäit 71 Millioune Leit un enger chronescher Hepatite C leiden, déi ënnert anerem Liewerzirrhose a Liewerkriibs verursaache kann.
95% vun de Kranke kéinte geheelt ginn, wann se déi noutwenneg Hëllef kréichen, ma leider stierwen all Joers bal 400.000 Leit un hire Folgen.
Et gëtt leider nach kee bëllegt Wonnermëttel an nach keng schützend Impfung, dowéinst ass d’Präventioun ëmsou wichteg.
Wann s du méi zur Hepatite C (an och B ) wësse wëlls, luuss mol op d’WHO-Säit a maach dech schlau:

http://www.who.int/campaigns/hepatitis-day/2017/en/

By | 2018-09-09T18:05:49+00:00 July 28th, 2018|World Awareness Days|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...