International Day of Human Rights

//International Day of Human Rights

International Day of Human Rights

Wéi dir villäicht scho matkritt hutt, gëtt haut, wéi all Joer um 10ten Dezember, un d’UNO Charta „Universal Declaration of Human Rights“ vum Joer 1948 a Form vum International Day of Human Rights geduecht.
Dass dëst historescht Evenement trotz sengem Alter nach eng grouss Aktualitéit mat sech bréngt, versteet sech schonn eleng mat Bléck op déi vill Konflikter op da Welt (Syrien, Ukrain, Jemen fir e puer Beispiller ze nennen) vum selwen.

Fir e besonnescht rezent Beispill kéint een hei den hefteg debattéierten UNO Migratiounspakt nennen, haut ënnerschriwwe vun 164 Staaten (http://www.rtl.lu/international/1278175.html). Dass een sech dësen Daach fir d’offiziell Ënnerschreiwe erausgesicht huet, wäert vermuttlech keen Zoufall gewiescht sinn, schliisslech gesinn d’Befürworter hei d’Stäerkung vun de Rechter vu Migranten. D’Kritiker am Géigensaatz gesinn hei éischter eng versichten Implementéierung vu Recht op Migratioun, wat natierlech ganz aner Konsequenze mat sech bréngt. Wéi eng Séit zum Schluss wäert Rescht behale sief emol dohigestallt, de Fakt ass, dass d’Thema Migratioun nach laang net vum Dësch wäert sinn.

Fir eis Medezinsstudenten bzw. zukünfteg Medeziner wäert hei d’Migratioun vu Gesondheetspersonal eng besonnesch grouss Roll spillen. Net ëmsoss war „Migration of Health Care Workers“ d’Haaptthema vun da Assemblée Générale vun da IFMSA 2015 zu Ohrid, Mazedonien (https://ifmsa.org/…/medical-students-from-all-over-the-wor…/).

Et bleift spannend.

Ären ALEM – SCORP

 

 

By | 2018-12-11T13:52:09+02:00 December 11th, 2018|Général|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...