Assemblée générale 2018

//Assemblée générale 2018

Assemblée générale 2018

 

De Freiden 28.12.2018 huet zu Esch-Belval an der Maison des Arts et Etudiants déi alljäerlech AG vun der ALEM stattfonnt wou déi verschidde Ressorten an der ALEM en Réckbléck ob d’Aktivitéiten am Joer 2018 ginn.

Wat ass also 2018 an der ALEM gelaf ?

De SCOME (Standing Comitee On Medical Education) kann ob net manner ewéi 7 Studien-Infoen an de Lycéeë wei och eng gelonge Foire de l’Etudiant zréckblécken, an huet och en iwwerschaffte Studienguide fir d’Medezinstudium op de Wee bruecht.

Am SCOPH (Standing Comitee On Public Health) goufen dëst Joer net manner ewéi 6 Teddykliniken ofgehalen. Och gouf hei fläisseg um “Plan national Antibiotiques” mam Gesondheetsministère geschafft.

Ee vun den Highlight ass sech och de néie www.alem.lu Site, dee no vill Arabescht vun eisem Webmaster endlech konnt online goen.

International war d’Alem dëst Joer vill ënnerwee an huet souvill Membere wei nach ni virdrun ob international Kongresser vun der IFMSA (International Federation of Medical Students’ Associations) geschéckt. 7 Membere waren an Egypten um March Meeting, 4 Memberen am Abrëll um EuRegMe (European Regional Meeting) an Éisträich a 5 Memberen a Kanada um August Meeting vun der IFMSA.

D’ALEM huet dann iwwert d’Joer och eng sëllech Evenementer organiséiert gehat wei zum Beispill den Training Day am Hôpital Kirchberg, zwee Students vs Dr. House Owenter a war och um ACEL-Studentebal mat derbäi.

Nieft dem Reckbleck ob d’Aktivitéite gouf et dann awer och tëschenduerch Virträg, sou huet den Dr. Jean-Claude Schmit vun der Direction de la Santé de Plan National Antibiotique presentéiert an de Generaldirekter vun de Medecins sans frontières, Paul Delaunois, huet iwwert d’Aarbecht vu MSF opgekläert souwéi 2 aktuell Beispiller dozou ginn.

Och d’Vertrieder vun der FSMG (Formation specifique en medecine générale) hunn e puer Wieder un d’AG geriicht. Hei gouf nachemol betount, dass déi lescht Demographie médicale aus dem Joer 2011 staamt a bei wäitem net méi aktuell ass. Et wier hei un der Politik eng aktuell Versioun ze erstellen an sech endlech mam reellen Ärztemangel auserneen ze setzen.

An der Paus gouf et dann en Networking Event, wou d’Medezinsstudente mat Vertrieder vum CHL, CHEM, MSF an der Santé schwätze konnten.

No der Paus goufen dunn 3 Membre Honorairen als Merci fir hier ausseruerdentlech Aarbecht an der ALEM gewielt: de Jorge Batista, Sébastian Rinaldetti an d’Isabelle Jung. Heizou an den nächsten Deeg nach méi.

Zu gudder lescht krut dunn den ale Comité d’Decharge an den neie Comité gouf gewielt. Déi genee Zesummesetzung vum ALEM Comité 2019 gëtt iech muer separat an engem Post verroden.

By | 2018-12-31T15:50:19+02:00 December 31st, 2018|Général|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...