Opruff fir den IFMSA August Meeting 2019

//Opruff fir den IFMSA August Meeting 2019

Opruff fir den IFMSA August Meeting 2019

 

Léif Memberen,

Mat grousser Freet kenne mir iech annoncéieren, dass d’Registratioun fir den AM 2019 vun der IFMSA (International Federation of Medical Students’ Associations) op ass. Dest ass eng vun zwee Haaptversammlungen vun der IFMSA. Zwee mol am Joer treffen sech hei d‘Délégatiounen vun den NMOs (National Member Organisations) vun der ganzer Welt. Dëst fir an den Sessions vun den verschiddenen Standing Committees (z.B. Human Rights and Peace, Public Health, Medical Education,…) ze schaffen, ze diskutéieren an sech besser ënnereneen ze vernetzen.

Vill vun iech hunn eis lescht Joer nodeems mir op den GAs (General Assemblies) an Hurghada, Ägypten, zu Montreal oder an Portoroz, Slowenien waren ob eis Posts a Videoen déi mir verëffentlecht hunn ugeschwat a gefrot wei een do kéint matmaachen, an hei ass är Geleeënheet!

Egal an wei engem Joer Medezin dir sidd, all ALEM Member kann eng Lettre de Motivation eraschécken an domat kandidéieren fir en Deel vun eiser Delegatioun fir den August Meeting 2019 ze ginn.

Den Meeting fënnt dës Kéier vum 01.08. – 07.08.2019 zu Taipeh, Taiwan statt.

Um Meeting wäerten eng ca 1000 Medezinsstudenten aus der ganzer Welt deelhuelen. Dëst bilt eng genial Basis fir sech ënnereneen auszetauschen an seng Nopeschlänner wie och bëssen méi exotesch Länner besser kennenzeléieren.
Och dëst Joer huet sech den AM2019 een Thema (dat sou genannten Theme event) erausgesicht op dat besonnescht wäert geluecht ginn, ennert aanerem mat extra Konferenzen mat Speakeren aus dem Fachberäich. Dëst Thema ass „Science, Technology, and Innovation for Sustainable Health Care“, hei gëtt ënnert anerem d’Fro gestallt an weiweit d’”AI”, also d’kentschlecht Intelligenz Auswierkungen op d’Medezin vum 21. Joerhonnert wäert hun, weieng nei Technologien et vlait deemnächst an eisen Spidoler oder Cabineten wäerten ginn, asw.

Hei fannt dir den Invitation Package mat allen Informatiounen:https://issuu.com/am2019taiwan/

Ennert https://am2019taiwan.com/am2019/ fannt dir emmer dei aktuellesten Informatiounen, a falls der nach Froen iwwert d’IFMSA selwer oder den Oflaf vum Meeting hutt da schreift un eisen Vice-President for External Affairs, den Alexander Lang, hien äntwere ganz gären ob är Froen (vpe@alem.lu).

Eng klengen Anbleck an d’IFMSA kritt dir och hei: https://www.youtube.com/watch?v=8XRsGAjq5vc

An ärer Lettre de Motivation sollt dir iech kuerz virstellen, villäicht soe bei wat fir engem ALEM- Events dir matgemaach hutt oder plangt matzemaachen, a wat är Motivatioun ass fir um August Meeting 2019 deelzehuelen.

Schéckt eis är lettre de motivation per Mail ob contact@alem.lu

Mir freeën eis schonn ob är Kandidaturen!

By | 2019-04-12T14:51:15+02:00 April 12th, 2019|Général|0 Comments

About the Author:

Leave A Comment

Loading...